
© Twitter Screenshot
Den Dënschden, op engem 6. November, ass de Concert vu Feine Sahne Fischfilet zu Dessau (Sachsen-Anhalt), deen am Virfeld schonn eng Kéier ofgesot gouf an domat fir Opreegung gesuergt hat. Kritik um Optrëtt vun der lénker Band, déi hir Meenung zu rietse, respektiv konservative, Parteie gären an dacks public mécht, gouf et virun allem vun der AfD a CDU, esou wéi vun deenen hire Wieler.
Elo soll d’Band dann trotzdeem optrieden, ganz vergiess ass d Diskussioun awer net an dowéinst setzt d'Punkband kuerz virun der Show nach eng Kéier op Konfrontatioun. Um Weekend hunn d’Memberen iwwer Facebook annoncéiert 20 Plaze vun der Gäscht-Lëscht u Kanner vu CDU- an AfD-Elteren ze verlousen. Grond: Dës solle mat eegenen An gesi wat fir en "ofstoussenden a schlëmme Concert hir Mammien a Pappien am léifste verbueden hätten".
Eegenen Aussoen no war de kontroverse Concert innerhalb vu Sekonnen ausverkaf, ma genee 20 Plaze sinn dann no der Verlousung un CDU/AfD-Kids gaangen, déi mat de politeschen Usiichte vun hiren Elteren net ganz averstane sinn. Fir deenen dat dann och nach esou richteg ënnert d'Nues ze reiwe leet d'Band souguer nach e klenge Merch-Kaddo a Form vun engem Feine Sahne Fischfilet T-Shirt mat drop.