An hei?!An dëser Schoul dierf ee sech net méi an den Aarm huelen!

D'Paus ass keng Zäit fir Zäertlechkeeten auszetauschen - Esou gesäit dat eng Schoul am Burgenland, a verbitt de Schüler sech ze ëmäerbelen...

Leschten Update: 06.11.2018, 17:01:43

Datt d'Knätschen am Cours net gäre gesinn ass, d'Knäipen net erlaabt ass an den Handy net um Pult leie soll, da sinn dat Verbueter déi een zwar net ëmmer gutt, fënnt awer novollzéie kann. Sech net dierfen ëmäerbelen, dat ass allerdéngs e méi ongewéinlecht Schoul-Gesetz.

Ma genee dat huet awer eng Schoul am Burgenland duerchgesat: Un der Theresianum Eisenstadt féiert sech an den Aarm huelen zu strenge Verwarnungen, well Zäertlechkeeten ënner Schüler net erlaabt sinn. Wien sech virun oder no der Schoul ëmäerbele wëll, deen dierf dat och nach weiderhi maache seet de Johannes Pachinger, Direkter vun der Schoul. Trotzdeem muss, an dierf, een sech net an de Coursen, esou wéi, an de Pausen em den Hals falen.

An éischter Linn geet et hei ëm d'Sécherheet vun de Schüler, déi sech an den enke Gäng net och nach gruppéiere sollen. Ausserdeem hunn d'Schüler sech op déi nächst Stonn virzebereeden an net Zäertlechkeeten ënnereneen auszetauschen. Wann een sech net dorun hält, kritt ee fir d'éischt emol eng Verwarnung. Beim zweete Verstouss ginn dann d'Elteren informéiert, eng richteg Strof géif awer net ausgedeelt ginn.