
© Youtube Screenshot
Zu Esch stoung d Déierewelt ë bëssen op der Kopp wéi eng Kaz vun enger däitlech méi klenger Rat duerch d'Stroosse gejot gouf. D'Kaz déi ufanks d'Rat am Viséier hat a sech un déi eruschläiche wollt, hat wuel net domat gerechent datt dat klengt Déier sech net vun hir beandrocke loosse géif.
Ganz am Géigendeel, d'Rat huet der Kaz gewise wien d'Soen huet an ass hir kuerzerhand nogelaf. Duerch d'Rue Victor Hugo zu Esch Uelzecht ass d'Verfolgungs-Juegd gaangen. Dat ganzt hat definitiv eppes vun engem Tom and Jerry Moment, och wann d'Rollen hei vertosch goufen.
Kuckt Iech hei den ontypesche Fänkches un!