
© Youtube Screenshot
2018 war d'Héichbuerg fir Moude-Trends aus der Kategorie "schlëmmste Feeler aus eiser Jugend". Ma 2019 ass nach laang net Schluss mat der Nostalgie, ganz am Géigendeel: de 90s Stil ass offiziell zréck. Genee esou wéi d’Vokuhila!
Déi "Vir kuerz an hanne laang Frisur" war Enn vun de 90er richteg ugesot, och wann dacks de Geck domat gemaach gouf. Ma op mer et wëllen oder net, wann et no den Designer a Stars geet leit d'Retro-Coupe am kommende Joer schonn nees voll am Trend.
Allerdéngs hunn sech d’Fashion-Virbiller der Reinkarnatioun vun der Vokuhila ugeholl a se an déi haiteg Zäit integréiert. Wien also schonn Angscht hat e misst sech ab elo am "New Kids Look" stylen deen dierf berouegt sinn, ganz esou extrem ass den Trend dann awer net.