
© Twitter Screenshot
D'Alpaka ass wuel dat Déier, dat am Joer 2018 fir déi meeschten Opreegung gesuergt huet. Jiddereen ass begeeschtert vun de flauschegen "Wollknäuel", kee Wonner also datt de neisten Alpaka Video, aus Peru, ronderëm d'Welt geet.
Dëse Clip, dee mëttlerweil 4,2 Millioune Mol gekuckt gouf, ass awer och zimlech skurril. Hei klëmmt eng Famill an en Taxi, begleet vun engem Alpaka. D Déier bleift awer net dobaussen, mee mécht et sech hannen um Récksëtz gemittlech, wärend di zwou aner Persoune och ganz normal an den Auto eraklammen.
Mientras tanto en Cusco pic.twitter.com/IKSQ8xEUh9
— José Kusunoki (@jkusunoki) 4. November 2018
Kuerz nodeems d'Dier hannert de Passagéier zougeet, fiert den Taxi och schonn ouni ze zécke fort. Wouhin den ongewéinlechen Trio higereest ass, ass net gewosst...