An hei?!Wéinst Harry Potter blo gemaach...

12 järeg Schülerin geet net an d'Schoul a vergësst wéinst Harry Potter heem ze goen...

Leschten Update: 08.11.2018, 14:43:13

© Pixabay

Si mer mol éierlech, et ginn heiansdo Deeg, wou een einfach keng Loscht op Schoul huet. Deeg, wou ee sech am léifsten a seng flauscheg Decken era kuschelt, seng Liibling-Serie umécht an un näischt denke muss.

Ähnlech ass et och engem 12-Järege Meedchen an Däitschland gaangen. Hat gouf nämlech, vu sengen Elteren, als vermësst gemellt. Sou sollt hat moies nach ganz normal aus dem Haus gaange si fir an d’Schoul ze goen, mä ukomm ass d’Meedchen ni.

Owes hunn d’Elteren sech nawell zimlech Suerge gemaach an d’Police ugeruff. Um 22h00 hu si dann endlech d’Schülerin an enger Heck fonnt. Hat hat keng Loscht op d’Schoul an huet sech mat sengem "Harry Potter"-Buch an eng Heck gesat fir ze liesen an du komplett d'Zäit vergiess. Dem Meedchen ass, ausser e puer honnert Säite gelies kritt ze hunn, näischt geschitt. Wéi hat et awer fäerdeg bruecht huet am donkelen ze liesen ouni datt et him opgefall ass, ass wuel Magie. Lumus wahrscheinlech.