
© Twitter Screenshot
De Sender NFL Network hat sech grad live bei den Ian Rapoport geschalt, dee vun Doheem aus un der Diskussioun-Ronn iwwer Sport deelhuele sollt, dunn gouf d'Schaltung schonn ënnerbrach. Dat net wéinst technesche Schwieregkeeten oder schlechter Verbindung: Dem Sport-Expert säi Jong hat sech an d'Bild geschmuggelt.
Wärend de Rapoport de Wiessel vum Dez Bryant bei d'Saints kommentéiere wollt, war ënne riets am Bild eng kleng Hand ze gesinn déi mat enger Telecommande gewénkt huet. Et war säi Bouf, de Jude, deen deen Dag krank war an dowéinst doheem bliwwen ass. Ufanks hat den Expert nach probéiert säi Jong ze iwwerriede kuerz aus dem Bild ze goen an ze waarden, nodeems deen awer keng Ustalte gemaach huet ass e kuerzerhand Deel vun der Emissioun ginn. Am Studio ass häerzlecht gelaacht ginn, ma aplaz d'Live-Schaltung ofzebriechen, huet de Rapoport säi Klengen op de Schouss geholl, a seng Analyse ongestéiert weidergefouert.
De Jong huet d'Screen-Time och genotzt, hien huet sech mat enger Variatioun u Grimassen an Zeen gesat. Ëmmer erëm streckt en d'Zong eraus wärend säi Papp sengem Job professionell nogeet.
When my son Jude, home sick from school, walks into my office as we break down the Dez Bryant-to-the-#Saints signing... pic.twitter.com/BpSLHlkRlb
— Ian Rapoport (@RapSheet) 7. November 2018
Um Enn vum Interview seet ee vun de Journalisten dann datt e säi Job grad wéinst esou Momenter gären hätt. Eng Moderatorin ergänzt mat engem Luef u Pappen déi schaffen a sech ëm Kanner këmmeren.