An hei?!Well en op Tinder keng Chancë méi huet...

Mann wëll säin Alter offiziell ëm 20 Joer senken...

Leschten Update: 09.11.2018, 10:55:16

© LIONEL BONAVENTURE / AFP

Den 69 Joer alen Hollänner Emile Ratelband geet elo op d’Geriicht fir dass säi Gebuertsdatum vum 11. Mäerz 1949 op den 11. Mäerz 1969 geännert gëtt. Eng Kontroll beim Dokter huet erginn, dass de Mann e biologescht Alter vu 45 Joer huet. Wann een hautdesdaags den Numm an d’Geschlecht ännere loosse kann, firwat dann net och de Gebuertsdatum, sou den Emile Ratelband.

Net nëmme well e senger Meenung no e besseren Auto fueren, en neit Haus kafen a méi Aarbechten unhuele kéint. Mee och well soumat seng Chancen op Tinder besser wieren. “Wann ech bei Tinder sinn a soen, dass ech 69 sinn, kréien ech keng Äntwert. Wann ech 49 Joer sinn, wäert ech mat mengem Gesiicht an enger ganz gudder Positioun sinn” seet en.

D’ hollännescht Geriicht steet der Saach skeptesch géigeniwwer well et kee Recht gëtt de Gebuertsdatum ze änneren. Dem 69-Järege schéngt et awer genau dorëms ze goen. E fillt sech diskriminéiert, well en ëmmerhin och op Tinder d’Chance hätt säin Alter z‘änneren. An deenen nächste 4 Woche soll d’Geriicht iwwer de Fall eng Entscheedung treffen. Den Emile Ratelband huet dozou gesot dass e komplett op seng Pensiounsuspréch verzichte géif.