
© www.pexels.com
E Mann aus Florida, deen owes ze vill gedronk hat, ass an eng Alligatoren-Farm agebrach a vu Krokodillen an hirem Wéier ugegraff ginn. De Medien no war de Mann an der Nuecht zum Dënschden zu St. Augustine iwwer e puer Sécherheetsgelänner geklotert an dann direkt Richtung Krokodillen-Wéier getrëppelt. Hien huet sech du bis op d’Ënnerwäsch ausgedoen an ass an de Wéier gesprongen.
Déi Responsabel vun der Farm hu moies nieft dem Wéier d’Kleedung fonnt an net wéit fort och schonn déi éischt Bluttspuren. Deen Ament, wou si d’Police informéiert haten, war de Mann allerdéngs scho laang festgeholl an an d’Klinik bruecht ginn. De Mann ass an der Ënnerwäsch a mat Bluttverletzunge bei d'Police gelaf komm. Wat hien an deem Moment gereizt huet an de Krokodillen-Wéier ze sprangen ass bis elo nach net bekannt.