
© Pexels/Bruce Mars
Den Titel "129 Méiglechkeeten, e Mann ze fannen" huet d'US-Amerikanerin Kim Marx-Kuczynski virwëtzeg gemaach. Si huet sech den ale Magasinn aus dem Joer 1958 kaf - an d'Tipps hu si esou zum Laache bruecht, datt si se mat hire Follower gedeelt huet.
Hei en Iwwerbléck vun de beschten Tipps:
1) "Stell dech an den Eck a kräisch - hie wäert sécher bei dech komme, fir ze froen, wat lass ass!"
2) "Fann de Wee am Fussball-Stadion net méi zréck"
3) "Looss 'net express' deng Posch esou op de Buedem falen, datt de ganze Contenu eraus fällt"
4) "Do sou dacks et geet High Heels un - dat ass méi sexy!"
5) "Pass gutt op deng Gesondheet op. Männer sinn net frou mat kranke Fraen!"
5) "Üb d'Drénken als éischt mat enger gudder Frëndin!"
Hei den Iwwerbléck vun den 129 Tipps: