An hei?!Fra verstoppt Neel an Äerdbier-Plantagen!

An Australien gouf dëse Weekend eng Fra festgeholl. Si gëtt verdächteg, ganz Äerdbier-Plantagen mat Spéngelen an Neel versat ze hunn.

Leschten Update: 11.11.2018, 09:59:39

© Pixabay

Dëse September war fir vill Leit an Australien mat enger grousser Angscht verbonn. Wochelaang waren a villen Äerdbieren Neel a Spéngelen ze fannen. Duerch den "Äerdbier-Skandal" wousste vill Bauere sech net ze hëllefen a vill Cliente ware panikéiert. Supermarchéen hunn doropshin Tonne vun Äerdbiere ewechgeheit.

De Bundestaat Queensland hat eng Belounung vun 100.000 australeschen Dollar (ronn 61.000 Euro) fir all Tipps iwwer den Täter versprach. Déi australesch Regierung huet och hir Gesetzer geännert. Esou sinn elo bis zu 15 Joer Prisongsstrof fir esou eng Dot virgesinn.

Wéi déi australesch Police um Sonndeg matdeelt, gouf elo eng Fra vu 50 Joer festgeholl. Si gëtt verdächtegt, d'Äerdbiere vu risege Plantage mat Neel a Spéngelen versat ze hunn. E Méindeg soll si virun de Riichter kommen. Grënn fir der Fra hir Motiver huet d'Police net gemellt.