An hei?!Neien Trend: Single's Day!

Halloween, Black Friday a Vältesdag - Vill Trends aus den USA si scho bei eis ukomm. Den neien Hype kënnt elo aus China: de Single's Day!

Leschten Update: 11.11.2018, 10:41:10

© Pexels/Bruce Mars

Den 11.11. ass fir all d'Fuesent-Fans e wichtegen Dag. Mä wann et de Chinesen no geet, sollen net nëmmen d'Fuesboke sech op dësen Dag kënne freeën. Well elo gëtt et de "Single's Day"! Dësen Trend aus China soll d'Singelen beim Shoppen opmonteren.

A China ass dësen Dag scho méi laang e gudde Verkaafsdag. E gouf 2009 ageféiert als Géigestéck zum Vältesdag, wou sech traditionell d'Koppelen hier Léift beweisen. Den Datum vum 11.11. ass keen Zoufall - déi véier 1 sti fir all déi, ouni Partner!

Och an Europa ginn et ëmmer méi Butteker an Online-Sitten, déi fir de Single's Day extra Promotiounen verspriechen. Also eng gutt Nouvelle fir all déi, déi um Sonndeg wëllen e Schnäppche maachen, egal ob aus Frust oder Freed iwwer d'Single-Sinn!