An hei?!Sexsucht ass wäit verbreet!

US-Fuerscher stelle fest: Sexsucht ass bei Männer a Fraen e wäit verbreete Problem. Leit, déi iwwerduerchschnëttlech gutt verdéngen, si méi dacks betraff!

Leschten Update: 11.11.2018, 11:20:04

© Pexels/Rawpixel

Bei der Sexsucht ass de Wonsch no sexueller Befriddegung esou grouss, datt déi betraff Persoun nëmmen nach dorunner denkt a sech mat näischt anerem ka beschäftegen. Ënner Medeziner gëtt dofir och de Begrëff "Hypersexualitéit" benotzt.

US-Fuerscher hunn elo en Artikel an der Zäitschrëft "JAMA Network Open" verëffentlecht. Fir eng Etüd hu si ronn 2300 Persounen tëscht 18 a 50 Joer befrot a Folgendes festgestallt: Tëscht Fraen a Männer gëtt et kaum en Ënnerscheed, béid Geschlechter si betraff. Ausserdeem géife Persounen, déi extrem schlecht oder extrem gutt verdéngen, méi Problemer hu wéi Persounen, déi duerchschnëttlech vill verdéngen.

An der Wëssenschaft ass de Phänomen "Sexsucht" ëmstridden. Op et dëse Problem iwwerhaapt gëtt a wéi vill Leit dorënner leiden, gëtt vill diskutéiert. An hirer Etüd weisen d'US-Fuerscher drop hin, datt anormal sexual Verhalen a wichtege medezinesche Problem wier. Et wier wichteg, fir déi betraffe Patienten déi richteg medezinesch Behandlung ze fannen.