
© MIGUEL MEDINA AFP
Eng Stolwierk Firma aus der Belsch huet dëse Mount ongewollt hire 230 Mataarbechter e Salaire vu 30.000 € bezuelt. Dobäi géing et sech ëm falsch zougewise Primmen handelen, esou belsch Medien um Weekend. D'Firma wëll déi iwwerwisen Zomm u Geld awer spéitstens muer zeréckfuerderen.
Iwwerwise kruten de Bonus och Aarbechter déi normalerweis 1.600 € de Mount kréien. En Aarbechter deen anonym wollt bleiwen huet dem Sender RTBF matgedeelt: "Ech weess, datt dës Zomm net eis gehéiert an dowéinst hunn ech se net ugepak. Ma e puer vu menge Kollege waren net esou virsiichteg. Ech weess, datt ee souguer an de Casino spille gaangen ass."
De belschen Droit gesäit awer eendeiteg fir: Wien zu Onrecht Geld kritt, ass verflicht, et direkt zeréckzebezuelen.
Wat mussen sech d'Aarbechter dobäi geduecht hunn? 30.000 € méi Salaire géif bestëmmt deene mannste schueden.