
© Youtube Screenshot
Monopoly verkierpert esou zimlech alles an dëser Welt wat net ganz richteg ass: Et geet dorëms méiglechst vill ze besëtzen, anerer auszestiechen an ëmmer alles méi deier ze maachen datt di aner doru Faillite ginn. Elo huet Hasbro, d’Firma hannendrun, eng nei Versioun erausbruecht déi Millenials usprieche soll.
Eng grondleeënd Ännerung ass datt ee keng Haiser méi kafe kann: Dat ganz einfach well e Millenial sech dat ganz realistesch gesinn net leeschte kann. Di meescht Millenials hu befrist Aarbechtsverträg, verdéngen och mat 30 Joer an Diplom an der Täsch nëmmen de Minimum a liewen a Stied wou de Loyer quasi onbezuelbar ass. Datt een am Millenial Monopoly also och mol net vum Eegenheem dreemen dierf, ass also nëmmen eng logesch Konsequenz.
Normalerweis gewënnt bei Monopoly deen, deen als leschte Spiller nach genuch Suen huet fir ze bezuelen. Vue datt fir d‘Millenials da schonn direkt um Start Schluss wär, sammelt een hei Erfarungen. Mat engem Besuch am Yoga-Retreat oder veganen Avocado-Bistroe kann een sech hei gutt duerstellen, respektiv muss een dës Entdeckungen als Kapital notzen.
Och d’Spillfigure goufe geännert: Aplaz datt sech jiddereen op den Hond oder Zylinder stierzt, kann ee lo als Smiley, E-Bike oder Hashtag iwwert d’Briet flanéieren. Obwuel een do muss soen datt d’Hiersteller net wäit genuch geduecht hunn, ëmmerhin hätten sech Millenials wuel léiwer iwwert Unicorns, Flamingoen an Avocadoe gestridden.
Insgesamt huet sech d’Brietspill awer vu sengem klasseschen Image distanzéiert a versprécht schonn op den éischte Bléck en Hipster-Paradäis ze sinn. Baussen op der Hüls steet deemno "Erwuesse sinn ass haart. Huel der eng Auszäit vum Hamsterrad". An och de Monopoly Mann gesäit op der Verpackung ganz anescht aus: An den Oueren huet e wäiss Kopfhörer, déi un engem Smartphone hänken, mat dësem mécht e grad e Selfie an op der Nues sëtzt och nach e Sonnebrëll. De Clou ass hei awer net de coffee to go deen en am Grapp huet, mee d’Opschrëft op senger Medail "Wann s’de Spaass has, dann hues’de gewonnen - Ganz am Stil vum eiwegen Insta-Optimismus à la "positive vibes".
Et gëtt een et villäicht net gären zou mee dës Interpretatioun vun der Millenial Generatioun ass esou akkurat, et weess een net op ee laachen oder kräische soll.