An hei?!Papp stéisst Jong beim Fussball fir Goal ze verhënneren

En offensichtlech iwwer-motivéierte Papp probéiert sengem Bouf op eng ongewéinlech Aart a Weis ze hëllefen a suergt esou fir eng Internet-Sensatioun…

Leschten Update: 12.11.2018, 11:19:30

© Twitter Screenshot

Et ass wahrscheinlech den Dram vu ganz ville Pappen: e Kand ze hu wat Fussball spillt, an och nach richteg talentéiert ass. A wann dat mam Talent eben net esou honnertprozenteg klappt, da kann ee jo e bëssen nohëllefen.

Dat huet sech op alle Fall e Mann a Groussbritannien geduecht, wéi en sengem Jong dozou verhëllefe wollt e Ball ze halen. Den, wéi d’Medie munkelen, Papp vum Torhüter, stoung nieft dësem an huet, anescht wéi de Bouf, matkritt datt de Fussball geféierlech no un de Goal koum ass. De Spiller vun der géignerescher Mannschaft war kuerz virdrun de Ball ranzemaachen, wéi de Papp reagéiert a säi gedankeverluerene Jong kuerzerhand Richtung Bal stéisst. Dëse fält em a kann de Ball spektakulär ofwieren.

Blöd just datt de géignereschen Ugräifer eng zweete Kéier usetzt an de Papp elo näischt méi dogéint ka maachen. De Bouf, ganz baff vu sengem Papp sengem Ugrëff, leit wärenddeem um Buedem. Den Erwuessenen nieft dem Potto ka säi Pech net gleewen, gestikuléiert nach kuerz wéi wëll an dréint sech schliisslech souwuel vu sengem Kand, wéi och vum Goal em.

De Video huet weltwäit fir vill Opreegung a Spaass gesuergt, a gouf mëttlerweil schonn iwwer 27 Millioune Mol gekuckt!