An hei?!A "Trumpy Bear" , really?

Am Internet gëtt nees iwwer den "Trumpy Bear" diskutéiert. Kennt dir nach net? Ma et ass ee Petzi deen ausgesäit wéi den Trump...

Leschten Update: 13.11.2018, 11:53:23

© Youtube Screenshot https://www.youtube.com/watch?v=i9qv8RSreIM

Den US-President Donald Trump ass net nëmmen an den USA bekannt, mä weltwäit. Keen Dag vergeet, wou net iwwert den ëmstriddene President geschwat respektiv gestridde gëtt. Dës Kéier geet et awer net ëm d'Politik an och net ëm ee Feel-Verhale vum President, mä ganz einfach ëm ee Petzi mam Numm "Trumpy Bear"...

Den "Trumpy Bear" gesäit aus wéi den Trump: en huet déi markant hellblond Hoer a buscheg Aperhoer, en Hiem mat rouder Krawatt un an hannen am Réck ass een US-Fändel verstoppt. De Petzi kritt ee fir ronn 40 Dollar.

An engem Spot gëtt fir den "Trumpy Bear" Reklamm gemaach an dëse Spot ass e wéineg skurril...

Kuckt hei:



Fox News, eng Trump-frëndlech Televisiounschaîne huet viru kuerzem de Spot vum "Trumpy Bear" gewisen. Wisou? Dat froen sech vill Leit...iwwert de Petzi gëtt elo jiddefalls nees geschwat.

De Spot ass u sech 1 Joer al. Déi éischte Kéier gouf doriwwer d'lescht Joer am Summer an der TheEllenShow  geschwat - an dat net grad positiv.

An och den Jimmy Kimmel huet den 12. November dëst Joer de Geck mam Petzi gemaach...hien huet den Original Spot e bësse geännert...kuckt hei:



De Produit soll anscheinend a China produzéiert ginn....