An hei?!Museker erfënnt Dausende vu Fans fir op Europatour ze goen

Fake Fans, fake Management a fake Awards. Fazit: Kee Mënsch ass op seng angeblech ausgebuchte Concerte komm.

Leschten Update: 13.11.2018, 09:22:25

© Pexels

Grouss Bühnen, begeeschtert Fans an ausverkaafte Gigs: d’Liewe vun engem Rockstar ass eppes wouvu vill Leit dreemen. Esou och den US-Museker Jered Threatin, dee net nëmmen seng eege Band "Threatin" a säin eegent Management erfonnt huet, mee fir säin Duerchbroch och nach eng Fake-Fanbase kreéiert huet. De Museker aus Los Angeles, wollt op den echten Erfolleg wuel net esou laang waarden, an huet sech dowéinst alles aus de Fanger gesuckelt. Souwuel seng Management Firma, wéi eng onecht Booking Agentur, a fake Awards. Fir dat alles realistesch ausgesinn ze loossen huet e souguer Videoe vun angeblech ausverkaafte Concert-Halen zesummegeschnidden, sech online fake Frënn kaf an sech esou als erfollegräichen Newcomer an der Metal-Zeen presentéiert. Dat Konzept, inklusive gefälschte Referenzen an fake Website, huet geklappt: Nodeems hien Veranstalter a ganz Europa ugeschriwwen huet, gouf hien tatsächlech fir eng sëllech Optrëtter a Clubs gebucht.


Säin fake Management huet den Organisateure vun den Events natierlech fläisseg vun deenen zuelräichen Ticketen déi bis ewell verkaaft goufe matgedeelt, an esou ass de Bedruch eréischt op de Concerte selwer un d’Liicht komm. Kee Wonner datt do nämlech keng, bis eng Handvoll, Leit opgedaucht sinn. D’Bars déi de Sänger gebucht haten hunn sech natierlech beschwéiert, de Jared ass trotzdeem bei all gebuchter Show opgedaucht an huet gespillt, och wann keen am Public stoung.

Zuelräich weider Shows sinn iwwerdeems gecancelled ginn, an och seng social media Profiller vun der Fake Band si mëttlerweil vun der Bildfläch ënnergetaucht.