
© Twitter Screenshot
Yves Saint Laurent ass eigentlech e relativ klassesche Label, elo huet di franséisch Moud-Entreprise awer eng éischter ongewéinlech Bijou-Kollektioun erausbruecht. An hire Butteker ginn et nämlech zanter e puer Deeg eng Ketten, an déi passend Ouerréng, a Penis-Form ze kafen.
That's enough internet for today 🤷♀️🤔 #ytho #YSL
— Lisa Valentine (@ThatBritBlog) 9. November 2018
https://t.co/Ucsb5RilXF
D'Unhänger sinn aus vergëlltem Messing an op der Récksäit ass jeeweils "Saint Laurent Paris" aggravéiert. A wien elo denkt et wär just e klenge Geck, de Präis ass alles anescht wéi e Witz: ëmmerhi bezilt ee fir d'Geschlechtsdeel-Kollektioun genee déi selwecht Präisser wéi och fir hir "normal" Bijouen. Wien sech d'Ouerréng gënne wëll muss ëmgerechent ronn 245 hibliederen, d'Penis-Kette kascht souguer 593 Euro.
YSL really out here having penis jewelry 😂😂💀 pic.twitter.com/bzjCl3zrsY
— Daniela Alvarado (@nelastela) 9. November 2018
Erhältlech ass d'Kollektioun nëmmen an ausgewielte Butteker, an och online kann een déi aussergewéinlech Schmockstécker net kafen. Fir Opreegung, respektiv Begeeschterung, suergt dës trotzdeem, virun allem am Netz.
where do i get the ysl penis earrings and necklace i WANT RHEM
— シャ (@s_hrines) 7. November 2018