An hei?!Mett-Attack op däitscher Autobunn!

Jonken Automobilist gëtt fir d'éischt geschnidden an duerno mat engem "Mettbréitchen" beworf!

Leschten Update: 14.11.2018, 10:27:54

© YouTube Screenshot

Sträit ënner Autosfuerer ass jo näischt Neies. Dat do mol getut a geblénkt gëtt oder de Mëttelfanger gewise gëtt, huet praktesch scho jiddereen erlieft. Datt een Automobilist awer mat engem Bréitche beworf gëtt, passéiert och net all Dag. 

Bei Koblenz op der däitscher A48 ass de Méinden en 21-järege Chauffeur vun engem aneren Auto geschnidde ginn. Wéi een dee kuerz drop erëm iwwerhuele wollt, ass d'Fënster vun dem Auto erofgaangen an de Bäifuerer huet duerch d'Fënster op der Säit vum Chauffer mat engem sougenannten "Mettbrötchen" op dem 21-Järegen säin Auto geschoss. 

Béid Parteie sinn um Enn bei der Police gelant. Géint de "Mett-Werfer" gëtt elo ermëttelt. Wéi d'Koblenzer Police nach matgedeelt huet, ass net gewosst, ob och Zwiwwelen um Bréitchen drop waren oder net!