An hei?!"Hey, hey ..." - den MC Schneider an 2 Rapper

De Vize-Premier Etienne Schneider lenkt sech vun den Koalitiounsgespréicher virun engem Stater Café of. Rappen wëll en net, mä e "moved" awer! #feelthebeat

Leschten Update: 14.11.2018, 09:47:52

© https://www.facebook.com/RocasPage/

Aktuell si jo d'Koalitiounsgespréicher voll amgaangen a wéi déi meescht wëssen, sinn déi net ëmmer esou einfach. Ma fir sech vun de Koalitiounsgespréicher ofzelenken, huet sech den nach Vize-Premier Etienne Schneider wuel geduecht een Tierchen duerch d'Stad ze maachen an do ass hie virun engem Café stoe bliwwen an huet sech ënner ee Rap-Battle gemëscht. A wéi een op engem Video gesäit, huet hien sech gutt ameséiert.

Selwer rappen wollt de Vize-Premier zwar net, wéi en dat ugebuede krut, mä ëmmerhin waren een "Hey hey..." an e puer "Moves" dran :)

Kuckt iech de Video un deen op Facebook gepost gouf: