
© Russians Dress as Bus to Cross Vehicle-Only Bridge to Dr Dre's 'Let Me Ride' / youtube.com
Véier Léit haten am russesche Wladiwostok eng relativ lëschteg Iddi fir iwwer eng Bréck ze goen, déi fir Foussgänger gespaart ass. An zwar hu si sech als e Bus aus Kartong verkleet. Well d'Aktioun zimlech geféierlech war, goufen déi Véier awer vun engem Polizist gestoppt.
Gefilmt gouf dat Ganzt aus engem Auto, dee wéinst dësem Geck net méi sou richteg vun da Plaz komm ass.
Kuckt iech hei di ganz Aktioun un:
Russesche Medien no konnt een nach bis 2015 ze Fouss iwwert d'Bréck. Dono gouf se dann awer fir Foussgänger gespaart an nëmmen nach fir Auto a Co. zougelooss.