
© Twitter Screenshot
De Weekend huet den AC Mailand géint den amtéierende Meeschter Juventus Turin gespillt. No dem Match wollt de Milan-Spiller Raoul Bellanova nach eng Erënnerungsfoto mat sengem Idol, Cristiano Ronaldo, maachen. Kee Wonner bei esou engem Star-Spiller. Um Selfie selwer stécht allerdéngs net de Ronaldo eraus, mee säi Matspiller, de Giorgio Chiellini, oder besser gesot deem säi "klenge Frënd".
D'Foto ass nämlech direkt nom Match an der Kabinn vum Juventus Turin geknipst ginn, wou di aner Spiller schonn am Gaang ware sech nees frësch ze maachen. Wärend de Bellanova an de Ronaldo also seeleroueg Fotoe maachen, schlendert de Giorgio Chiellini plakeg am Hannergrond duerch d'Bild.
Jokes aside, why is Bellanova bigger than Ronaldo??? Also he’s larger in size. pic.twitter.com/P0YpMZqoZi
— Saturnion (@Saturnion96) 13. November 2018
An d'Netz hat de Milan-Spiller d'Foto zwar net gesat, allerdéngs hat hien sech domat bei senge Frënn gebretzt. Deenen ass de Photobomb natierlech direkt opgefall, an esou ass de Selfie, inklusive Penis-Optrëtt, natierlech séier online ëm d'Welt gaangen. De Bellanova, deem de plakege Chiellini, eegenen Aussoen no, ufanks mol net opgefall war, huet sech mëttlerweil fir d'Opnam entschëllegt.
Ze spéit, den Internet vergësst ni...