An hei?!Cyber-Security Minister deen nach ni e Computer benotzt huet

De Yoshitaka Sakurada, Leeder vum Cyber-Securitéit Beräich am japanesche Gouvernement, seet hien hätt keng PC-Kenntnisser néideg...

Leschten Update: 17.11.2018, 08:38:48

© JIJI PRESS / AFP

Et ginn der ëmmer Manner, mee et ginn der nach: Déi rar Exemplare vu Mënschen déi kee Computer besëtzen, benotzen oder souguer jeemools ugemaach hunn. D'Entscheedung net mat der Zäit ze goen an d'Fanger vu PCen ze loossen, ass jo och ok. Wien esou wëll liewen, deem sief dat gegënnt. Bei enger Persoun déi ebe genee dësem, soe mer mol almoudesche lifestyle nogeet, stellen sech awer Froen.

An zwar huet de Yoshitaka Sakurada, de japanesche Minister fir Cyber-Securitéit, elo bei enger Presse-Konferenz zouginn datt hie weder e Sënn, nach e Gespier, fir esou Geräter hätt. Bei den einfachsten Technik Froe war de Leeder vum nationale Cyber-Sécherheets Büro iwwerfuerdert an huet dat domat begrënnt datt hien einfach kee Computer brauch, nach jee gebraucht huet.

Mat 25 schonn huet hie seng Firma gegrënnt an zanterhier net eng eenzeg Kéier technesch Kenntnisser gebraucht.



Bei esou engem Poste suergt dës Devise natierlech bei deem engen oder aneren fir Kapp rëselen, mee wéinstens huet den Sakurada eng Léisung fir seng technesch Inkompetenzen auszegläichen: Falls et dann tatsächlech mol néideg wier, kéinten seng Aarbechter oder Sekretären dës Tâche jo iwwerhuelen. Hien op alle Fall weigert sech op engem Computer ze tippen. #selbermachenlassen