An hei?!Koppel huet an 1. Rei Sex op Machine Head Konzert

D'Stëmmung um Machine Head Konzert zu San Diego war zimlech ugeheizt...eng Koppel gouf beim Sex an der éischter Rei erwëscht.

Leschten Update: 26.11.2018, 05:02:25

© TORKIL ADSERSEN / SCANPIX DENMARK / AFP

D'Metal-Band Machine Head huet zu San Diego ee Konzert ginn an eng Koppel wäert dee Konzert wuel ni vergiessen.

Eng Koppel hat nämlech wärend dem Konzert an der éischter Rei Sex! Doropshin goufen déi Zwee aus der Hal geheit.

D'Band selwer huet de Virfall op Twitter confirméiert. Do heescht et: "wann ee Mann an eng Fra wéinst Sex wärend "Devidian" eraus geheit ginn (souguer an der éischter Rei!) da weess een, dass ee verréckt ass! Wow!"