An hei?!Fra kritt wéinst rosa Parkscheif e Protokoll

An Däitschland krut eng Fra ee Protokoll well si eng rosa Parkscheif an den Auto geluecht huet...

Leschten Update: 28.11.2018, 13:26:00

© Youtube Screenshot

Och an Däitschland ass et net ëmmer sou einfach eng Parkplaz ze fannen, fir déi een näischt bezuele muss, mä just d'Parkscheif gutt siichtbar an d'Fënster muss leeën. Wien awer vergësst d'Scheif an d'Fënster ze leeën dee riskéiert ee Protokoll...

Ee Protokoll kann een awer och kréie wann d'Parkscheif rosa ass....sou geschitt zu Sankt Augustin. Do krut eng Fra tatsächlech wéinst der Faarf ee Protokoll.

Si huet op Facebook eng Foto vun hirer Parkscheif inklusiv dem Protokoll gepost a geschriwwen dat hir d'Wierder géinge feelen. Giel wier ok mä net rosa? Dat wier hirer Meenung no lächerlech. Dat fannen awer net déi zoustänneg Autoritéiten.

Dem ADAC, dem däitschen Automobilclub no misst eng Parkscheif genormt sinn. Dat heescht: 15 Zentimeter héich, 11 Zentimeter breet a virun allem blo-wäiss an net rosa oder gréng. Déi eenzeg zoulässeg Alternativ wier eng elektronesch Parkscheif déi zënter 2005 erlaabt sinn.

Eng gutt Noriicht gëtt et awer fir déi concernéiert Fra: wéi et vun der Stad heescht, géif et bei enger Verwarnung bleiwen, si misst also keng Geldstrof bezuelen.

Do hat se dann nach eemol Chance a wäert wuel an Zukunft eng blo-wäiss Parkscheif an d'Fënster vun hirem Auto leeën...