An hei?!WANTED: Koppel déi de Verlobungs-Rank verluer huet

Knapps hat de Mann senger Frëndin en Antrag gemaach, war de Rank och schonn erëm fort. D'Police konnt d'Situatioun awer entschäerfen!

Leschten Update: 04.12.2018, 09:38:05

© pexels.com

Fir de John an d'Daniella sollt et eng wonnerschéin an eemoleg Vakanz ginn zu New York. De John hat nämlech d'Iddi senger Frëndin um Times Square en Antrag ze maachen an sech mat him ze verloben. Ma eigentlech ass och bis op eng Klengegkeet alles no Plang verlaf. De Rank war nämlech wei et schéngt eventuell eng kleng Nummer ze grouss an ass dem Daniella vum Fanger direkt duerch e Gitter gerutscht..

Am Video gesäit een dass déi zwee alles probéiere fir de Rank zeréck ze kréien , mee dat ouni Erfolleg..








No deem d'Police de Video gesinn huet hu sech direkt e puer Beamten op de Wee gemaach de Rank ze sichen an um nächsten Dag souguer fonnt. Lo kënnt awer schonn de nächste Problem dozou. D'Koppel hat keng Date vun sech op der Platz gelooss sou dass d'Police sech net bei deenen zwee melle konnt. De Video gouf ganzer 29.000 mol gedeelt a milliounefach opgeruff. Um Enn hunn och de John an d'Daniella den Tweet gesinn a sech an de sozialen Netzwierker gemellt a bedankt.



 

Do haten déi zwee nach eng Kéier Gléck...