An hei?!Reindeer Boobs - den neie Chrëschtdagstrend

Vergiesst "ugly christmas sweater" oder Aperhoer a Form vu Chrëschtbeemercher! Elo ass d'Saison fir seng Brëscht ze dekoréieren, a virun allem ze weisen.

Leschten Update: 04.12.2018, 13:27:08

© Youtube Screenshot

Falls der jee de Problem hat datt der virum Kleederschaf stoungt a net wousst wat der fir d'Chrëschtfeier sollt undoen, kënnt hei d'Léisung: Manner ass méi. Op alle Fall wann een no de Chrëscht-Trends 2018 geet. Wärend d'lescht Joer Aperhoer, esou wéi d'Hoer um Kapp, a Form vun engem Chrëschtbeemchen in waren, ass et elo de Balcon.

An domat menge mer net dee virun der Dier! Wien trendy duerch d'Feierdeeg wëll komme fir dee sinn "reindeer boobs", iwwersat Rendéier Brëscht, dat Néitst. Hei muss een einfach eng Broscht aus dem Top erausblëtze loossen an dës als Rendéier dekoréieren. Wien sech dem Look ganz verflichte wëll dee kann natierlech och direkt e Lach an de Pullover schneiden a soumat sécher goen datt dat den Ausschnëtt och net erëm am Laf vum Owend verdeckt gëtt.




Bis elo sinn et zwar just Rendéier déi et op Fotoe gepackt hunn, der Kreativitéit sinn hei awer keng Grenze gesat, Haaptsaach den Decolleté ass Chrëschtdag-gerecht, glitzert an zitt d'Blécker op sech. Wann d'Brëscht bis eraus kucken ass d'Opfalen u sech awer och keng Leeschtung (egal op bei Männer oder Fraen).









Eppes ass op alle Fall kloer: Wien sech un d'Rendéier-Brëscht traut, deen dierf net viru Keelt oder Gepëspers zeréck-scheien.
#ohdeer