An hei?!Peinlech: Samsung mécht ongewollt Reklamm fir Apple

Et ass wahrscheinlech net déi cleversten Iddi den néie Samsung Handy mat engem Apparat vun der Konkurrenz op Twitter ze promoten...

Leschten Update: 04.12.2018, 16:59:36

© pexels.com

Der Social-Media-Abteilung vu Samsung ass leschte Weekend e relativ peinleche Feeler geschitt. D'Persoun déi de néie Samsung Galaxy Note 9 der Twittersäit presentéiere sollt huet nämlech vergiess, datt ugewise gëtt vu wat fir engem Handy den Tweet eropgeluede gëtt. An dësem Fall hat de Kandidat nämlech kee Samsung benotzt mee en iPhone, vun der Konkurrenz: Apple.

No deem de Marques Brownlee sech op Twitter lëschteg iwwer d'Pann gemaach huet, ass d'Social-Media-Team komplett a Panik geroden an huet radikal de ganzen Twitter-Account geläscht.




Witzeg och dass et net déi éischte Kéier ass dass Samsung sech mat sou enger Pann e bësse blaméiert. Elo war et nämlech dem nigerianeschen, a virun e puer Woche schonn, dem saudesche Samsung-Account geschitt, datt se den Tweet mat engem iPhone eropgelueden hunn.