An hei?!Fra léisst den Auto am Stau stoen, fir eng Paus ze maachen

Eng eeler Madamm hat wéi et schéngt keng Gedold méi fir nach weider op der Autobunn am Stau ze waarden...

Leschten Update: 05.12.2018, 16:46:52

© Pexels

Duerch en Accident huet sech op der A3 a Rheinland-Pfalz e Stau gebilt, wou et absolut net méi viru gaangen ass. Ma enger Fra huet dat wéi et schéngt ze laang gedauert, doropshin huet si den Auto einfach mol op der Autobunn stoe gelooss, fir d'Raststätt ze besichen.

D'Fra hat sech der Police no an der Rettungsgaass op der lénkser Säit geparkt an huet no deem de Stau opgeléist war d'Autofuerer blockéiert.

Wéi si dunn zeréck komm ass hunn d'Beamte schonn op si gewaart. Ma d'Madamm gouf op Grond vun hirem héijen Alter nëmme verwarnt a konnt spéider weider fueren.