An hei?!Ofbroch vum Match wéinst dausende Petzien um Äis

An der Amerikanescher Hockey Liga si bemol Dausende vun Teddybieren op d'Äis geflunn. Ma dat net ouni Grond...

Leschten Update: 05.12.2018, 16:54:37

© Youtube Screenshot

9 Minutten an 58 Sekonne waren am éischten Drëttel vum Äishockeymatch gespillt bis de Riley Barber, Spiller vun den "Hershey Bears", den 1:1 Ausgläich fir d'Heemequipe erzielt huet. Souwäit nach näischt Besonnesches, mee wat dono geschitt ass geet an d'Geschichtsbicher an. Nom Treffer sinn insgesamt 34.798 Petzien op den Terrain geflunn an hu fir e Spill-Ofbroch gesuergt. D'Rekordzuel vun de Petzie stoung virun dem Match nach bei 28.815, wat souvill heescht wéi "néie Weltrekord".

Grond fir d'Aktioun war de sougenannten "Teddy-Bear-Toss", deen haaptsächlech an den Äishockeysstadie viru Chrëschtdag stattfënnt. Zugonschte verschiddene Kannerhëllefsorganisatiounen hunn d'Visiteuren d'Méiglechkeet Petzien ze kafen, an déi dann op d'Äisfläch ze werfen a soumat spenden.

Kuckt Iech hei déi imposant Biller un!