An hei?!Déi ganz Kummer a Kaddospabeier agewéckelt

Keng Chance de Chrëschtdags-Muffelen: Dës Studentin haasst d'Feierdeeg a gëtt vu senge Frëndinne feierlech bestrooft.

Leschten Update: 06.12.2018, 10:16:46

© Twitter Screenshot

Ufank Dezember ass bei ville Leit d'Chrëschtdagsstëmmung ukomm, bei aneren dauert et nach, an a ganz schlëmme Fäll kann ee mat de Feierlechkeete guer näischt ufänken. Esou beim Hannah, US-amerikanesch Studentin, a passionéierte Grinch!

Seng Matbewunnerinnen hale vun där Attitüd net immens vill an hunn de Muffel ganz feierlech bestrooft. Kuerzerhand hunn si dat ganzt Zëmmer, an alles wat dodran ass, a saisonale Kaddospabeier agewéckelt.




Mat de Wieder "Ech hu Chrëschtdag net gär a war eng Woch fort, also hu meng Matbewunnerinnen alles wat ech besëtzen agepaakt", huet hatt e Video vun der Aktioun op Twitter gedeelt, an deem hatt bal schonn hysteresch opzielt wat seng Frëndinnen alles agewéckelt hunn. An déi haten sech hire Prank wierklech zu Häerze geholl, vu Kleeder, Bicher, Schong, Bett, a souguer Tamponen (jo souguer Tamponen!!!) gouf alles eenzel agepaakt.

Iwwer 100.000 Mol gouf de Post mëttlerweil gedeelt. An de Kommentaren hunn sech ausserdeem nach aner User zu Wuert gemellt, déi hire Matbewunner schonn emol dee selwechten "Gefalen" gemaach hunn.




© Twitter Screenshot

Fazit: Sief kee Grinch, soss muss'de d'Konsequenzen droen...respektiv auspaken.