An hei?!Inluencer bezuelen Honnerten Dollar fir präiswäert Schong

Fir e Werbe-Gag stellt eng Bëlleg-Firma hir Produiten an enger Edel-Boutique aus, an d'Clientë bezuele fräiwëlleg Markepräisser...

Leschten Update: 07.12.2018, 12:18:17

© Youtube Screenshot

Influencer sinn d'Stars vun der haiteger Zäit: et léisst een sech vun hinnen inspiréieren, si beaflossen d'Konsum-Verhalen a soumat wëlle Marken natierlech och mat hinnen zesummeschaffen. Wann Influencer fir Produite werben, gi se allerdéngs dacks dofir bezuelt, ausserdeem hunn se net ëmmer déi gréissten Anung vun deem Produit fir deen se grad Publicitéit maachen. Logesch also datt een sech just op esou "Reviews" a Publicitéiten net ëmmer verloosse kann. Mat där Iddi spillt elo och e Werbe-Gag vun der Bëllegmark "Payless".

Fir d'Clips goufen déi 20-Dollar Schong vun der Mark an engem edele Pop-Up-Store zu Los Angeles ausgestallt - do wou normalerweis just déi ganz deier Produite stinn. Fir de Geck huet sech de Label kuerzfristeg a "Palessi" ëmbenannt, fake accounts erstallt a nei Präisschëlter op d'Schong gepecht. Elo hunn déi, u sech bëlleg Schong, net méi zwanzeg, ma direkt e puer honnert Dollar kascht.

Kuckt Iech hei de Video un!

D'Influencer, déi virdrun anscheinend net ageweit goufen an duechten si wäre fir eng exklusiv Erëffnungs-Party ageluede ginn, hunn sech natierlech direkt begeeschtert gewisen. Déi vermeintlech héichwäerteg Schong goufen drop an derwidder gelueft an d'Influencer hu virun der Kamera gesot datt se fir esou e Material tëscht 400 a 500 Dollar géife bezuelen.

Verschidde Puer Schong goufen dunn och tatsächlech fir bis zu 600 Dollar verkaf. Nodeems d'Keefer opgekläert goufen, kruten se hir Suen dunn awer nees zréck. Och wann dat Ganzt wahrscheinlech éischter als PR-Coup geplangt war, dass d'Leit gesinn datt "Payless" Schong och als héichwäerteg duerchginn, am Netz konzentréieren d'Leit sech éischter op d'Influencer, déi bei der Aktioun entweder zimlech anungslos, oder einfach fake eriwwer kommen.