An hei?!Mann léisst Fra no Sträit op der Autobunn stoen

Ongewéinlechen Asaz fir d’Police zu Alzey a Rheinland-Pfalz. D’Beamten hunn eng Fra missten op d'Autobunn A63 siche goen. Hire Mann hat si «ausgesat».

Leschten Update: 10.12.2018, 06:28:07

© dpa-AFP-Archiv-Armin Weigel

Matzen an der Nuecht kuerz virun 01h00 e Sonndeg de Mueren huet sech eng Fra iwwert eng Noutruff-Seil op der Autobunn A63 a Rheinland-Pfalz bei der Police gemellt. D’Beamte vum Alzeyer Police-Kommissariat goufe gefrot, dem Noutruff nozegoen.

Op der Plaz hunn d’Beamten eng 59 Joer al Fra aus Bad Soden fonnt. D’Fra huet de Beamten erkläert, si wier mat hirem Mann wärend dem Autofueren an ee Sträit geroden. Dësen hätt si dunn op der Autobunn «ausgesat» a wier einfach weider gefuer.

D’Fra gouf dunn vun der Police bis op Mainz gefuer. Do huet si sech een Taxi geruff an huet sech heem fuere gelooss. Ob et nees Sträit gouf, wou d’Fra doheem ukomm ass, wéisst d’Police net, heescht et nach an der Pressematdeelung.