An hei?!Koppel bei Sex op der Cheops-Pyramid fotograféiert

E Bild vun enger plakeger Koppel um 140 Meter héije Weltwonner verbreet sech zanter e puer Deeg am Internet a suergt fir Opreegung.

Leschten Update: 10.12.2018, 14:43:24

© YouTube Screenshot

An Egypten huet eng dänesch Koppel fir e Skandal gesuergt: Déi zwee sinn Nuets op d'Cheops-Pyramid, déi gréisste Pyramid vu Gizeh, gekloter an hunn sech an enger zimlech pikanter Pos geknipst. Dat knapps 140 Meter héicht Weltwonner aus der Antik gëllt als eng vun de wichtegste kulturelle Festunge vun der Welt a gëtt deemno och Dag a Nuecht bewaacht.

Zwee Däne war souwuel d'Gesetz, wéi och de moraleschen Aspekt, egal a sinn an der Nuecht op d'Spëtzt geklommen. Ob d'Koppel sech heemlech dohi geschlach hunn oder d'Beamte bestach hunn ass onkloer, genee esou wéi d'Fro ob d'Bild beaarbecht gouf oder net. Beweis fir d'Dot gëtt et allerdéngs, an dat souwuel op social media wéi um Mann senger eegener Website.

De Mann ass nämlech Fotograf an huet nom Akt eng Foto gedeelt, op där déi zwee an enger ganz eendeiteger Positioun ze gesi sinn: Beim Geschlechtsverkéier!



Net nëmmen Twitter User reegen sech iwwert dës Aktioun op, och den Antik-Minister Chalid al-Anani huet eng Stellungnam dozou geholl an huet annoncéiert datt de Fall elo ënnersicht gëtt. Ier d'Koppel zu Rechenschaft gezu gëtt muss allerdéngs gepréift ginn op d'Bildmaterial echt ass.