An hei?!Nonne klaue Sue fir zu Las Vegas ze zocken!

Fir hiren Trip an d'Party-Stad ze finanzéieren, hunn zwou Schwësteren aus Kalifornien eng hallef Millioun Dollar vun hire Schüler verontreit.

Leschten Update: 11.12.2018, 11:43:22

Et kléngt wéi e schlechte Remake vum Film "Sicter Act" mee an den USA hunn zwou Nonnen elo bewisen, datt si villäicht awer net esou helleg si wéi de Poopst. Fir hirer Spill-Passioun nozegoen hunn déi zwou Kalifornierinnen un enger kathoulescher Schoul iwwert d'Joer ronn 500.000 Dollar ënnerschlo. D'Schwëster Mary Margaret Kreuper an d'Schwëster Lana Chang hunn sech un de Schoul-Gebühren an den Done vun der Saint-James-Schoul zerwéiert, esou heescht et vun hirem Uerden. Datt d'Sue feele gouf bei enger reegelméisseger Iwwerpréiwung erausfonnt.

D'Nonne solle méi dacks op Las Vegas gereest si fir do a Casinoen ze goen. Wärend se verschidde Rechnungen déi do ugefall sinn einfach iwwert e Konto vun der Schoul bezuelt hunn, solle se verschidden d'Zommen, déi duerch d'Schüler an deenen hir Elteren un d'Institut gaange sinn, einfach direkt op en eegent Konto ëmgeleet hunn.

Déi zwou Nonne waren iwwregens schonn zanter 20 Joer um Institut täteg, d'Schwëster Kreuper war souguer Directrice. Beit sollen Aussoen no bescht Frëndinne gewiescht sinn, a sinn dëst Joer an d'Pensioun gaangen. Eréischt duerno ass de Bedruch opgeflunn an d'Police ageschalt ginn. Dementéiert hunn d'Fraen dëst net: Wärend d'Schoul sech bei de Familljen entschëllegt huet a versprach huet d'Suen zréckzebezuelen, mussen d'Nonnen elo mat enger Klo rechnen, a wuel deen een oder anere Rousekranz méi bieden.