An hei?!Wann d'Stripperin beim Jonggesellenabschid d'Ex-Fra ass...

Dem Ex-Partner dat neit Gléck virun d'Nues halen, muss net sinn. Nach méi onangenehm gëtt et wann d'Ex-Fra engem ganz aner Saachen an d'Gesiicht hale wëll.

Leschten Update: 12.12.2018, 10:22:04

Virun der Hochzäit gëtt gäre mol gefeiert, sief dat ënner Männer oder Fraen. Virun allem beim Bräitchemann ass eng Striptease Einlag awer eng gär gesi Saach. Ee Mann aus Groussbritannien hätt am Nachhinein dorop awer gutt verzichte kënnen.

Mat Hëllef vun enger Organisatioun déi sech op Jonggesellenabschider spezialiséiert huet, hu seng Frënn him e Weekend voller Iwwerraschunge geplangt. Déi gréisste war wuel awer d'Stripperin selwer, an domat net de Fakt datt et iwwerhaapt eng gouf, mee datt et seng Ex-Fra war. Déi schafft an deem Strip Club wou d'Männer higefouert goufen an huet grad dee Moment performed, an deem den Zukünftegen den Optrëtt sollt genéissen.

Dat Bescht un der Saach: Dëse war sech bis dohi mol net bewosst datt seng Ex an deem Milieu täteg wier. Trotz der gemeinsamer Vergaangenheet vun deenen zwee, huet d'Stripperin sech ganz professionell ginn an d'Show ouni e Wuert un de Bräitchemann virugefouert.

Den Zoufall, dee fir de Jonggesellenabschid sécherlech e Schock-Moment war, bléift awer ënnert de Männer. Och wann d'Grupp sech den Zeenario amuséiert ugekuckt huet, hu se sech geschwuer bei der neier Fra, bis dohin nach Verloobten, kee Wuert doriwwer ze verléieren. Sou gesi war et op alle Fall e ganz besonneschen Owend, an d'Ex konnt dem deemolege Partner alt eng leschte Kéier weise wat hien sech duerch d'Bascht goe léisst.