An hei?!Bankomat späizt 50er aplaz 20er Billjeeën eraus!

D'Mäerche vum generéisen Automat war awer séier eriwwer an d'Clientë goufen ugeklot well se Suen ënnerschlo hunn...

Leschten Update: 12.12.2018, 16:55:35

© Unsplash

Et ass wéi beim "Tischlein, deck dich!", just datt de Goldiesel hei e Bankomat ass! Am nidderéisträichesch Stockerau, an der Géigend vu Wien, huet esou ee Gerät nämlech 50-Euro-Banknouten aplaz vun 20-Euro-Schäiner verdeelt.

Insgesamt 84 Persounen hu vun der ongewollter Generositéit profitéiert a sech e klengt extrat Täschegeld, beim Suen ophiewen, gegënnt. Dat ass allerdéngs net laang onbemierkt bliwwen a gëtt elo mat rechtleche Konsequenze bestrooft. Jiddereen deen sech un dësem Feeler vun der Bankfilial beräichert huet muss mat enger Uklo rechne well Suen ënnerschlo goufen.

De Virfall geet iwwregens op de Konto vun enger Ugestallte vu besoter Bank: D'Mataarbechterin hat d'Fächer fir d'50- an 20-Euro-Billjeeë vertosch. Insgesamt ass e Schued an der Héicht vun enger "niddreger 5-stelleger Zomm" entstanen, esou d'Police, déi di 84 Persounen als schëlleg befonnt huet.