An hei?!Mann riicht riseg Mëttelfanger-Statue op

Et ass eppes, wat déi mannsten op hirem Terrain stoen hunn - ma den Ted Pelkey huet senger Meenung no awer e gudde Grond dofir.

Leschten Update: 13.12.2018, 06:29:14

© Screenshot Facebook / https://www.facebook.com/giganticgesture/

Den US-Bundesstaat Vermont zitt de Moment méi Opmierksamkeet wéi soss op sech. Grond heivir ass eng Statue um Grondstéck vum Ted Pelkey. Et ass nämlech net iergendee Gaardenzwerg, et handelt sech hei ëm eng riseg Statue a Mëttelfanger-Optik. Wat de Message ass? Et soll hei ëm e Sträit goen, dee mëttlerweil ee Joerzéngt dauert.

Wéi verschidden US-Medie mellen, wollt den Ted eng 750 Quadratmeter grouss Garage op sengem Terrain bauen. Well d'Autoritéiten seng Demande awer refuséiert hunn, huet hien elo kuerzer Hand d'Statue opgestallt - mat engem eendeitege Message. Dës Statue soll dann awer rechtlech gesinn erlaabt sinn, well se ënnert de Beräich vun der ëffentlecher Konscht fält an esou stoen duerf bleiwen.

Domat steet et am Rechtssträit also 1:1. To be continued...