An hei?!Police stiermt enger Boma hir Wunneng, duerno gëtt et Kaffi

Mat Rammbock a Blendgranat gouf eng 88-järeg Fra vun engem Spezial-Kommando iwwerrumpelt, dës reagéiert ganz relax a verfleegt d'Beamte fir d'éischt emol.

Leschten Update: 14.12.2018, 04:10:05

© Pexels

An Nordrhein-Westfale wollt d'Police eigentlech d'Wunneng vun engem kriminelle Rocker stiermen. Déi schwéier arméiert Beamten hunn d'Wunneng, vun där se geduecht hunn et wär déi Richteg, net nëmme gestiermt: Si hunn d Dier mat engem Rammbock opgebrach an um Balcon eng Granat gezünt déi d'Siicht sollt verspären. Dat alles fir am Endeffekt eng 88 Joer al Fra an hirem Bett ze iwwerrumpelen.

Ganz offensichtlech haten den SEK sech un der Dier geiert. En Offizielle Spriecher vum Kommando huet awer kuerz drop confirméiert datt et der Boma gutt geet an si ganz gefaasst op den Asaz reagéiert hätt. No dem éischte Schock huet si sech fir d'éischt emol em hir ongebiede Gäscht gekëmmert, an dës mat Kaffi a Kuch verfleegt. Souguer dat gutt Chrëschtdagsgeschir koum op den Dësch.

D'Schied déi duerch den Iertum entstane si goufen nach de selwechten Dag ersat an Ermëttlunge goufen opgeholl fir erauszefanne wéi et zu dësem Virfall komme kéint.

Trotz der Pann war d'Razzia schlussendlech awer en Erfolleg an de gesichte Mann aus Lüdenscheid, esou wéi 12 weider Krimineller konnte festgeholl ginn.