An hei?!Sydney begréisst 2018 amplaz 2019

Sydney ass dofir bekannt, dat neit Joer mat engem spektakuläre Freedefeier ze begréissen. Dëst Joer war dat awer e bësse schif gaangen.

Leschten Update: 01.01.2019, 09:31:02

© PETER PARKS / AFP

D'Organisateuren haten sech nämlech am Joer geiert. Op engem Potto vun der Bréck am Hafe stoung dofir wärend dem Freedefeier grouss "Happy New Year 2018". Natierlech huet et net laang gedauert, ier d'Fotoen an de sozialen Netzwierker d'Ronn gemaach hunn. Verschiddener hu sech z.B. Gefrot, ob dat schrecklecht Joer dann ni géif op en Enn goen.




Blöd och, dass d'Freedefeier ëmgerechent e puer Milliounen Euro kascht, dat huet dunn och d'Organisateuren e bësse rose gemaach. Um Enn hu si awer geroden et net all ze eescht ze huelen. Feeler géifen ebe geschéien.