An hei?!Déi beléiftste Begrëffer bei YouPorn a Pornhub 2018

Och d'Pornoplattforme kucken um Enn vum Joer drop zréck wéi eng Begrëffer am meeschten nogesicht goufen a koumen 2018 op dat selwecht Resultat: "Lesbesch"!

Leschten Update: 14.01.2019, 09:40:22

Um Enn vum Joer ermëttele praktesch alleguerten d'Online-Plattforme wéi eng Begrëffer oder Themen am meeschten nogesicht goufen. Porno-Säite sinn do keng Ausnam, YouPorn a Pornhub hunn hir Daten analyséiert an erausfonnt datt bei deenen zwou Plattformen de selwechten Term dominéiert: D'Wuert "lesbesch" steet bei de User op der Nummer 1.

Der Statistik no leit d'Resultat virun allem um Sich-Verhale vun de weiblechen Notzer. Déi maachen nämlech net nëmmen iwwer 30% vun alle reegelméissegen User aus (Pornhub), ma kucke mat enger grousser Wahrscheinlechkeet och éischter lesbesch Pornoen, wéi di männlech Notzer.

Nieft dëser Erkenntnis ass dann och erauskomm datt Pornhub 33,5 Milliounen Opriff, 147 Gigabyte pro Sekonn an eng Millioun Stonne Videomaterial iwwert d'Joer 2018 gesammelt hat.

Ausserdeem goufen d'Statistiken esou ausgewäert datt nieft dem meescht gesichte Begrëff weltwäit och d'Top Sich a Kategorië vu jeeweilege Länner ermëttelt gouf. An Däitschland ass deemno erausfonnt ginn datt däitsch Pornoen immens beléift sinn. Ma och verschidden Top Themen hu fir eng Iwwerraschung gesuergt: Esou gëtt d'Spill "Fortnite" op Porno-Säiten aktuell dacks nogesicht, sou wuel an Däitschland, wéi och weltwäit.