An hei?!Sech krankschreiwe loosse per WhatsApp?!

Doktere si net iwwerzeegt vum Online-Service...

Leschten Update: 07.01.2019, 17:06:41

© Pexels

D'Hamburger Firma AU-Schein bitt zanter der Woch viru Chrëschtdag e ganz besonnesche Service un: Hei kann ee sech bequem per WhatsApp krankschreiwe loossen. Fir 9 Euro gëtt ee ganz ouni Ënnersichung online fir erkaalt erkläert a kritt soumat e Schäin fir sech e puer Deeg doheem ze erhuelen.

Alles wat een dofir muss maachen ass ee Formular am Internet ausfëllen an deem klassesch Symptomer fir Erkältungen ofgefrot ginn, eréischt duerno kënnt et zu weidere Gespréicher mat enger Doktesch. Per verschlësseltem Messenger-Déngscht schéckt ee perséinlech Daten an eng Foto vun der Versécherungskaart, a soumat géif och alles dem Dateschutz entspriechen.

D'Ärztekammer an Hamburg a Schleswig-Holstein rode vun esou engem Online-Service awer vehement of: Elleng aus Dateschutz- a rechtleche Grënn wär esou eng Krankschreiwung e Risiko. Ëmmerhi wär bei esou enger neier, a skurriller, Initiativ nach net gekläert ob de Patron dësen Ziedel als offiziell Excuse unerkenne muss.

Ma esou ganz iwwerzeegt schéngen Notzer och net, bis elo goufen eréischt eng Dose Persounen online krank geschriwwen.