An hei?!Schal weist Zuch-Verspéidunge vun engem Joer

Eng Fra huet sech beim waarde wuel gelangweilt an hir Energie, esou wéi Frust, an d'Strécke gestach.

Leschten Update: 08.01.2019, 10:44:49

© Twitter Screenshot

Wie reegelméisseg op verspéiten Zich muss waarden, dee weess dass dat un der Gedold ziert. Iergendwann huet een einfach näischt méi woumat ee sech kann oflenken: D'Snacks sinn all giess, den Akku vum Handy ass platt an ze liesen huet een och grad näischt dobäi. Wat een allerdéngs ka maachen ass sengem Frust fräie Laf ze loossen, zum Beispill beim strécken.

Wien elo mengt strécke wier ze langweileg a banal fir sech ofzereagéieren, deen huet de Schal, deen d'Geschicht vun der däitscher Bunn erzielt, nach net gesinn. Viru puer Deeg (6. Januar 2019) huet d'Sarah Weber eng Foto op Twitter gedeelt, op där een op den éischte Bléck ee ganz normale, gesträifte, Schal gesäit. Liest een allerdéngs d'Erklärung dozou erkennt een, den Accessoire steet fir Frust!



De Schal huet dem Sarah seng Mamm gestréckt, déi deeglech aus engem Viruert vu München an d'Stad pendelt. Normalerweis dauert esou eng Stréck mat dem ëffentlechen Transport 40 Minutten, an der Realitéit war d'Fra awer däitlech méi laang ënnerwee, dat virun allem wéinst Verspéidunge vun der "Deutsche Bahn".

Waarde misst d'Münchenerin egal wéi an huet sech dunn op en Experiment agelooss, dat an engems d'Zäit verdreift: Fir all Aarbechtsdag vun 201 huet d'Fra zwou Reien um Schal gestréckt. War den Zuch pünktlech, oder hat maximal 5 Minutte Verspéidung, ass e groen Deel dobäi komm. Bei 5 bis 30 Minutte Verspéidung gouf mat rosa gestréckt. Rout koum zum Asaz wann d'Verspéidung op enger Stréck méi wéi 30 Minutte gezielt huet oder wa béid Weeër vu Verspéidung betraff waren.

Kuckt een op d'Resultat geséit een: Zimlech vill rout! Domat verbildlecht de Schal eppes wat vill Leit empfannen: Datt d'Bunn wierklech esou dacks verspéit ass, wéi een et am Gefill hat.