An hei?!Papp schleeft Duechter iwwert de Fluchhafen

Wat mécht ee wann d'Kand net weidergoe wëll? Wann et no dësem Mann geet, hëlt een et um Schlawittchen a zitt et einfach mat virun...

Leschten Update: 08.01.2019, 09:56:30

© Youtube Screenshot

Als Kand ass een net ëmmer motivéiert mat de laange Been vun Erwuessene matzehalen, wann ee sech dann awer weigert mat virun ze goen a sech demonstrativ op de Buedem leet, sinn d'Elteren natierlech och net begeeschtert. An engem Video dee momentan duerch d'Netz geet ass genee esou eng Situatioun ze gesinn: E Mann geet duerch den Dulles International Fluchhafen am US-Bundesstaat Virgina. Dat kléngt fir d'éischt emol net spektakulär. U senger Hand hänkt awer net nëmme säi Gepäck mee och nach e Kand.

Wéi et ausgesäit wollt seng Duechter net weidergoen, also zitt den offensichtlech genervte Papp d'Kand einfach un der Kaputz vu sengem Overall mat virun. Wat grausam kléngt schéngt sech awer, op alle Fall dee Moment, ganz harmonesch ofzespillen: d'Meedchen, dat um Schlawittchen hänkt ass ganz roueg a léisst sech gemittlech mat duerch de Fluchhafe schleefen.

Kuckt Iech hei de Video un!

Praktesch wann ee keng Loscht huet seng Been ze benotzen, de Papp kéint fir dës Aktioun allerdéngs mat béise Bléck vun aneren Eltere bestrooft ginn.