An hei?!Police Asaz wéinst këddeleger Fra

A Niedersachsen huet d'Foussfleeg vun enger 20-Järeger fir Opreegung bei de Nopere gesuergt.

Leschten Update: 09.01.2019, 10:50:22

© Pexels

An der Nuecht vum Méinden op en Dënschden huet ee Passant eng Fra an enger Wunneng héiere jäizen. Och wann d'Gebläers relativ lues war, goufen dës Téin awer e puer Mol widderholl an de Noper ass vun engem Noutfall ausgaangen. Kuerzerhand huet hien d'Police alarméiert, déi och direkt bei d'Adress gefuer si fir ze kontrolléiere wat an der Noperschaft lass wier.

Nodeems d'Beamten un der Dier geschellt hunn, huet hinnen eng erstaunten 20 Joer jonk Fra opgemaach, déi net direkt verstanen huet wat de Problem wier. D'Erklärung firwat si esou spéit owes an der Wunneng gejaut huet: Si ass immens këddeleg an huet dowéinst extrem op d'Ofraaspele vun der Harhaut un hire Féiss reagéiert.

Der jonker Fra war et sichtlech peinlech datt een si bis op d'Strooss héieren huet blären an huet sech bei de Beamte fir den onnéidegen Asaz entschëllegt.