An hei?!Ontreie Mann léisst sech als Strof en Tattoo stiechen

D'Friemgoen huet en esou bereit datt e sech als Entschëllegung u seng Fra en XXL-Tattoo maache gelooss huet. Wann en dat net och emol bereie wärt...

Leschten Update: 09.01.2019, 10:45:00

© Instagram Screenshot

Jose Torres, esou heescht de Mann, dee sech momentan an de sozialen Netzwierker iwwer vill Opmierksamkeet freeën dierf. Oder besser gesot: Säin Tattoo. Mat engem risegen Text op senger Broscht ass d'XXL-Wierk och net grad onopfälleg, virun allem wann ee sech d'Zeile méi genee ukuckt gëtt kloer: Dat heiten ass kee Standard-Tattoo.

Queesch iwwert säi ganzen Uewerkierper ass a fetten Drockbuschtawen ze liesen: "Ech, Jose Torres, loosse mir op engem 2. Januar 2019 fräiwëlleg dësen Tattoo stiechen, fir d'Vertraue vu menger Fra zréckzegewannen, nodeems ech an eisem Bestietnis fir Péng a Leed gesuergt hunn."

Mat dëser Iddi wëll de Mann sech also fir säi friemgoen entschëllegen a beweisen datt hien déi ganz Aktioun bereit.



Op en dëst Konschtwierk net och iergendwann bereit, dat bleift ofzewaarden. Eppes steet awer fest: Léift geet ënnert d'Haut...