An hei?!Adele-Challenge mam Chiko

Endlech mol eng ongeféierlech a musikalesch Aufgab bei där och den Eldo-Maskottchen säin Talent ënner Beweis stelle kann.

Leschten Update: 11.01.2019, 10:49:58

© Eldoradio

Eigentlech huet d'Adele relativ wéineg mat Gummibärecher ze dinn, am Internet ass eng Challenge awer genee wéinst dëser ongewéinlecher Kombinatioun elo viral gaangen. D'Sängerin huet scho laang näischt Neies méi erausbruecht a well seng Fans hatt vermëssen, hu si ugefaangen der Musekerin hiert Talent mat "Tik Tok"-Videoen erëm opliewen ze loossen.

"Tik Tok" ass de Nofolger vu "Musical.ly", op deenen déi meescht User Clips vu sech poste, an deene si op Playback sangen oder danzen. Op der App sinn awer och eng Rei Challenges ënnerwee, déi duerno och op anere soziale Medie landen. Esou war et och bei der #HariboChallenge, och nach "Adele-Challenge" oder "Someone Like You-Challenge" genannt.

Dofir brauch een eng Packung Gummibärecher an de Song "Someone Like You" vum Adele. Da stellt een ee Gummibärchen op e Podest an déi aner drappéiert een als eng Art Publikum do virdrun. Elo filmt een den Zeenario esou wéi wann den Hapt-Gummibärchen e Concert géif ginn an di aner Séissegkeete matsange géifen. An Zack huet een e virale Video!


Dat geet natierlech och mat aneren Utensilien, wéi zum Beispill Figuren, Suen oder Chikoen!