An hei?!Doktere behandelen Alkoholvergëftung mat Béier

Nodeems e Mann am Vietnam duerch gepanschte Schnaps eng Alkoholvergëftung hat hunn d'Dokteren dee mat 15 Douse Béier behandelt – mat Erfolleg.

Leschten Update: 11.01.2019, 16:43:29

© Pixabay

Den 48 Joer ale Mann hat ntv.de no gepanschte Schnaps gedronk an deem Methanol dra war. Deen entsteet, wann de selwer gemaachten Alkohol net richteg destilléiert gëtt. De Problem dobäi ass, dass wann d'Liewer probéiert hir Aarbecht ze maachen an de Kierper ze entgëften, dëse Methanol a Formaldehyd ëmgewandelt gëtt deen Nervenzelle schiedegen an dozou féiere kann, dass ee blann gëtt. Am schlëmmste Fall kann een dru stierwen.

Ma d'Dokteren hu bei hirer ongewéinlecher Behandlung op en Trick zeréckgegraff, deen d'Liewer soll drun hënneren dëse Methanol de verschaffen. Esou hu si dem mann während 15 Stonnen all Kéier eng Béchs Béier gi fir d'Liewer eben anescht ze beschäftegen. De Methanol konnt während deem duerch den Urin an duerch d'Otemloft ausgescheet ginn.

An dat huet effektiv scho virdru bei Patiente geklappt, e medezinesche Standard sinn déi 15 Douse Béier awer op kee Fall, esou hunn d'Dokteren duerno betount.

Ass et nach net ze spéit an d'Liewer huet net schonn ze vill vum Methanol verschafft, dann iwwerlieft de Patient. Wat bleift ass en décke Kapp.