An hei?!Kaz oder Sträifen?!

Am Netz gëtt mol nees iwwert eng optesch Täuschung gerätselt...

Leschten Update: 16.01.2019, 09:53:28

© Twitter Screenshot

2015 war et "Dressgate", e Bild bei deem gerätselt gouf op een an dee selwechte Rack blo a schwaarz oder wäiss a gëlle wier. D'lescht Joer huet e Sound fir Opreegung gesuergt well d'Leit sech net eens waren ob een "Yanny" oder "Laurel" héiert. Ma elo ass et un enger neier Illusioun fir d'User an de sozialen Netzwierker op d'Prouf ze stellen: E Bild mat Sträifen oder awer eng verstoppte Kaz.


Hannert de schwaarzen a wäisse Sträife soll sech en Déier verstoppen, well et awer eng optesch Täuschung ass, ass dëst net ganz einfach ze gesinn. Wärend déi eng d'Kaz direkt erkennen, gesi verschiddener just e Schiet a nach anerer kënnen och no all méiglechen Tricks, wéi vu wäitem kucken oder de Kapp hin an hier rëselen, näischt entdecken.